BODY SHAPE / CARDIO SHAPE / LOWER BODY


Dës Couren sinn entwéckelt fir all grouss Muskelgruppen ze stäerken an ze tonéieren, souwéi d'Haltung an d'Ausdauer ze verbesseren. All d'Exerciser konzentréieren sech op en Ganz-Kierper Training mat Hëllef vun Gewiichter, Stepen, Teppecher a Gewichtsbaren. Den Intensitéitsniveau kann vun all Participant einfach ugepasst ginn.

STEP COUREN


STEP ass eng Form vu Fitness déi duerch Danz erreecht gëtt. D'Choreographie gëtt op enger erhiewter Plattform gemaach. D'Héicht kann op individuell Bedierfnesser ugepasst ginn andeems d'Këscht gehuewen gëtt. Ouni et ze mierken gëtt den ganzen Kierper geschafft wei och d'Ausdauer verbessert.

BODY FUNCTION


Dëse Cours charakteriséiert sech duerch funktionell Übunge fir d'Bewegungen ze verbesseren, déi de mënschleche Kierper alldeeglech gemaach hunn. De Kurs fënnt haaptsächlech mat dem Kierpergewiicht statt.

PILATES


Pilates (gym douce) ass en zougängleche Wee fir Är Kärmuskulatur ze stäerken, wei och fir Är Haltung, Balance a Flexibilitéit ze verbesseren.

BACK GYM


Dësen Grupp Training konzentréiert sech op d'Bauch- a Réckenmuskulatur. D'Übungen stäerken den Kär (virum allem Bauch an Réck), an hëllefen seumadder Rëckenverletzungen ze verhënneren.

STRETCHING


Dës Klass hëlleft Iech verschidden Deeler vum Kierper op hir maximal Längt ze strecken an ze stäerken. Stretching hëlleft Muskelen ze relaxen a grouss Verletzungen ze vermeiden.

HIIT


En HIIT Workout besteet aus kuerzen intensiven Exercicer déi jeeweils 10-60 Sekonnen daueren, direkt gefollegt vun enger aktiver Erhuelungszait vun der selwechter oder méi laanger Dauer. Dës Serie vun intensiven Exercicen an Erhuelung gëtt 3 bis 10 Mol widderholl, ofhängeg vum Training.

CALISTHENICS


CALISTHENICS ass eng Aart vun kierperlechem Konditiountraining deen nëmmen d'Eegengewiicht vum Kierper erfuerdert. D'Übungen gi mat verschiddenen Niveauen vun Intensitéit a Tempo gemaach.

CORE


Dës Klass ass entwéckelt fir Kärmuskelgruppen z'entwéckelen, wärend d'Haltung duerch eng Vilfalt vun Übungen verbessert gëtt ant Bauch- a Réckemuskelen gestäerkt ginn. Den Instrukter wäert verschidden Equipementer an dësem konzentréierten Workout benotzen.

BODY AEROBICS


Dem Jane Fonda seng 80er Joren Aerobic ass zréck! Dës Klass kombinéiert kierperlech Übungen mat rhythmeschen Danzroutinen, wärend de ganze Kierper gestretcht an gestäerkt gëtt. D'Zil ass Spaass ze hunn, a gläichzäiteg all Elementer vum Fitness (Flexibilitéit, Muskelkraaft a Kardiovaskulär Fitness) ze verbesseren.

DIR BRAUCHT MÉI HËLLEF?


Wann Dir en Trainer wëllt deen Iech all Trainingsseance perséinlech assistéiert, dann waarden eis Trainingpartner op Iech.